Wee se mir?
Alles ass domat lass gang, dass “THE BIG 4” virun enger ganzer Rei Joeren hire nächsten Tripp a Slowenien op de Metaldays Festival plange wollten.
Mir wësse jo all, dass et sech bäi engem gudden Eessen am beschte plange léisst, woufir si sech dann eng éischte Kéier zu Wuelessen beim Bertchen getraff hunn.
D’Resultat vun deem Meeting war, wat de Reesplang ugoung, net existent, woufir beschloss gouf, sech dee Mount drop nach eemol do ze treffen… an dee Mount drop nach eemol… an dee Mount drop nach eemol…
Iergendwann hat et sech dunn zum “Selbstläufer” entwéckelt a mir hunn déi Sortie einfach bäibehalen.
Mëttlerweil se mir dann och bäi enger CARE-FOR-A-MINT?-Sortie, an der Reegel all Freideg, dem DEELER STAMMDËSCH, all Mëtwoch, an dem JEUDI SURPRISE, all 4. Donneschdeg am Mount, ukomm.
Mol kucken, wou dat nach hiféiert… 🤪
Laurent
Manou
🕊️ IN MEMORIAM 🪦
Keen hat geduecht, dass eis Sortie an d‘Maison Rouge (1.8.2025) déi lescht mat Dir war. 😞
“Nervesee”, Partydéier, super Kolleg an - virun allem - een häerzensgudde Mënsch! 🥹
Mir wäerten Dech a gudder Erënnerung halen… 💔